17:34

Keng Sëtzung e Méindeg, um Dënschdeg geet et weider!

Da mam 140. Sëtzungsdag.

17:32

Nom Geriicht ... d'Medien!

E kuerze Statement huet de Prënz nach ginn: Hien hofft, sech endlech vun alle Rumeure befreien ze kënnen oder vill méi befreit ze ginn!



17:28

Sëtzung fir haut opgehuewen

17:25

"Zu Onrecht ugeklot, well ee mengt, mech gesinn ze hunn"

Dat wier extrem desagreabel, esou de Prënz Jean a sengem Schlusswuert.

D'Presidentin vum Geriicht preziséiert, datt hien net ugeklot wier!

Awer an der ëffentlecher Meenung, esou den Zeien.

Defense: Ëmmerhin gouf et bei Iech en Zeien, deen Iech wëll gesinn hunn (de Verstuerwenen Eugène Beffort), bei den Ugekloten, déi mir vertrieden, ass dat emol net de Fall!
17:24

"Nee" war och d'Äntwert op fréier Froe vun der Defense

17:19

Wéi eng Kontakter hat den Zeien, wéi en an den USA war?

D'Defense hannerfreet, ob den Zeien, wéi en an Amerika geschafft huet, net awer Kontakt zu Geheimdéngschter hat ...

... well de Chef vun där Entreprise, fir déi e geschafft huet, hätt där gehat.

Äntwert: Nee! Ech war jonk an ee vu 50.000 Employéen.
17:16

Ech hu kee Kontakt zu der CIA!

Dat war déi kloer Äntwert op eng kloer Fro vum Me Vogel.

17:13

"Ech sinn als Ongleewege gebuer ...

... a gleewe grad dem Zeie guer net!" Dat als Reaktioun op d'Ausso vun der Riichterin, hie géing net wëlle gleewen, wat d'Leit hei soen.

17:11

Krut de Jean Rechter zeréck oder net?

Me Vogel: De Jean-Claude Juncker huet dach vun enger Restitutioun vum "droit régalien" geschwat! Zeien hat dat virdrun ofgestridden.

Zur Erënnerung: De Jean-Claude Juncker hat gesot, en Dënschdeg, de Grand-Duc Henri hätt den Ëmgang vum Grand-Duc Jean mam Prënz Jean als ze streng jugéiert ...
17:07

Prënz Jean erkläert Ënnerscheeder ...

... Ënnerscheeder tëscht sengem Mariage a deem vu sengem Brudder. Hien hätt als zukünfteg Fra quasi eng "Onbekannten" virgestallt.

Ausserdeem wier hie sech bewosst gewiescht, net Grand-Duc kënnen ze ginn an dofir hätt hie wëllen a missen en eegent Liewen opbauen.
17:06

Kënnen dës Renonciatioun net acceptéieren!

Firwat e Problem bei Ärer Hochzäit an awer kee Problem bei der Hochzäit vum Henri mam Maria Teresa?

17:03

Prënz erkläert an hëlt wäit aus ...

Hie féiert privat a berufflech Grënn un.

A senger Famill misst eng Hochzäit vum Chef de famille gutt geheescht ginn, ma de Grand-Duc Jean hätt se net approuvéiert.

An hien hätt sech wëllen eng berufflech Carrière opbauen.

Béides hätten dozou gefouert, datt hie säi Liewen hätt wëlle liewen net am Land, ma zu Paräis.
17:02

Me Vogel freet no Grënn fir Verzicht vun "droit régalien"

Firwat also gouf op den "Troun" verzicht. 4 Méint nom leschten Attentat!

16:55

Wat ass de Wäert vun der Attestatioun?

Et kënnt op Detailer an Interpretatiounen un ...

An der Nuecht vum 8. op den 9. November 1985 explodéiert um Findel eng Bomm.

De Prënz Jean seet, hie wier deen Ament a Frankräich gewiescht, op enger Juegd.

Den Organisateur vun der Juegd seet an enger Attestatioun, de Prënz Jean hätt fir d'Juegd zougesot, fir de Weekend vum 9. an 10. November 1985. Also de Samschdeg an de Sonndeg.

De Prënz seet, hie wier awer schonn um Freidegowend ugereest, also um Owend vum 8. November.

De Me Vogel: Et wier awer méiglech gewiescht, eréischt um Samschdeg de Moien unzereesen oder mam Helikopter dohin ze fléien ...

Geriicht: Ma well d'Attestatioun net esou genee ass, kann och fir den Zeie schwätzen.

Dee seet, den Organisateur hätt automatesch als Datum de Weekend uginn, vun der Juegd.

Me Vogel: Vläit wollt den Organisateur och kee Faux maachen?

Weider Ongereimtheet an der Attestatioun: Giscard d'Estaing seet, Prënz war sonndes nach do, Prënz seet, ech si samschdes owes nom Iessen hannescht op Paräis gefuer ...
16:48

Op enger Juegd ...

Den Organisateur dovun, de Fils vum Valérie Giscard-d'Estaing, sot, den 9. an 10. November wier de Prënz do gewiescht.

De Prënz seet, hie wier schonn um Virowend, also um Freidegowend, 8. November, do gewiescht an den 9. November nom Owesiessen hannescht op Paräis gefuer.

Ma an der Nuecht vum 8. op den 9. November ass um Findel eng Bomm explodéiert ...
16:47

"Ech war zu Paräis!"

16:46

Geriicht geet elo op Aussoe vum Zeie Beffort an ...

Dee wëll de Prënz Jean jo gesinn hu virum Attentat um Findel.

16:45

Ech sinn net informéiert ginn!

Vläit wollt meng Famill mech och net domat belaaschten ...

16:44

't kann dach net sinn, datt Dir näischt wousst

16:42

Hie wär vun der Police gehéiert ginn ...

... hätt dunn also schlecht kënnen agéieren, bei de Medien oder esou. Ausserdeem hätt seng Famill en "Droit de réserve".

Riichterin: D'Beweislaascht géing jo an deem Fall och net bei him leien.
16:41

Wat hutt Dir dann du gemaach géint déi Rumeur?

16:40

Zeie bleift derbäi, bei senger Versioun

An ënnersträicht, d'Wourecht ze soen.

16:37

1987 Pressekonferenz fir Iech ze blanchéieren

Also hätt den Zeien da misse Bescheed wëssen, esou de Raisonnement vum Affekot.

Et wier inadmissible ze behaapten, eréischt 2005 vun där Rumeur héieren ze hunn.
16:34

"Hunn déi Rumeur net kannt! Eréischt 2005 dovun héieren."

Hien hätt eréischt dovun héieren, wéi sech en Zeie gemellt hätt. An hie wier geschockt gewiescht, wéi en dat héieren hätt.

Zitat: "La personne concernée est la dernière informée."

Et hei, wuel gemierkt, ëm d'Rumeur, datt de Prënz Jean de Bommeleeër oder ee vun de Bommeleeër wier.

Vun der Bommeleeër-Affaire hätt hien natierlech héieren, ma net vun der Rumeur, ee vun den Auteuren ze sinn.

Am den éischten Ament hätt hie gelaacht! Dat wier jo "incroyable" gewiescht. Bis säi Brudder him gesot huet, dat wier eng serieux Saach.
16:33

Zeien zitt et vir, op Franséisch ze schwätzen

16:32

Wéini dovun héieren?

Dat freet d'Presidentin den Zeien.

16:31

Jean de Nassau am Zeiestand

Den Zeie leet den Eed of.

16:30

Keng Froe méi un de Guillaume de Nassau

Den Zeien dierf goen, et ass elo u sengem Brudder.

16:29

Weder ech, nach mäi Brudder

16:28

't geet weider!

Guillaume de Nassau weider am Zeiestand.

16:13

Paus!

Nom Guillaume de Nassau dierft dann elo de Jean de Nassau als Zeie geruff ginn.

16:09

Da geet et ëm den Auto vum Prënz vun deemools

Fréier kee Van, ma haut jo.

16:08

Hutt Dir un engem Attentat deelgeholl?

Äntwert: Neen!

Me Vogel: Och net um Findel oder um Palais de Justice?

Äntwert: Neen.
16:07

Ass net total ... dofir frot, ganz konkret!

16:06

Wie seet eis dann, datt d'Amnesie esou total ass?

16:05

Wat sollt dann deen Exercice?

16:04

Bei Froe bei esou enger Amnesie

16:02

Zeien erënnert u säin uergen Accident

Hie kéint sech u villes, wat virum Accident war, guer net méi erënneren. Dat seet hien an enger Virbemierkung ...

... an där hien awer och ënnerstrach huet, dem Geriicht wëllen ze hëllefen.
16:01

Geriicht freet Zeien iwwert Rumeur iwwert säi Brudder

Hutt Dir jeemools eppes dovunner héieren?

16:00

Guillaume de Nassau

No der Hélène Vestur ass et um Prënz Guillaume.

15:59

A bei den Ugeklote ginn et keng Aenzeien!

Sous-entendu: net wéi beim Prënz Jean, deen een Zeie jo bei engem Attentat gesi wëll hunn.

15:58

Hei sëtzen och Leit ...

... déi fannen, datt se zu Onrecht inculpéiert gëtt.

15:55

"Minceur" vum Fundament vun där Rumeur

Dorop mécht d'Zeien an hirer Schlussremarque opmierksam, nodeems Geriicht, Parquet an Defense keng Froe maachen.

Si wëll och, datt ee sech bewosst gëtt, wéi schwéier esou eng ongerecht Beschëllegung op e Mënsch drécke kann. Dat wier en terribel Ongerechtegkeet ...
15:51

An Dir hutt ni iwwert de Bommeleeër geschwat?

Defense-Affekote gi sech ongleeweg ...

15:48

2006 fir d'éischt vun deem Lien héieren ...

Me Vogel: Rumeuren awer scho virdrun ... Zeien: Ech net informéiert ...

Virdrun hat d'Zeien ewell drop opmierksam gemaach, datt et fir de Prënz Jean och méi einfach gewiescht wier, ze retracéieren, wat hien zum Zäitpunkt vun der Explosioun gemaach hätt, wann hie méi fréi domat konfrontéiert gi wier ...
15:45

Zeien äntwert, mécht weider souveränen Androck

15:43

Geriicht an Affekoten hake weider no ...

Finalement géifen et wéinst dem Verzicht déi Rumeure ginn an dofir misst dat gekläert ginn ...

15:36

"Coïncidence"

Also en Zoufall, datt de Verzicht zäitlech no bei de Bomme louch ...

... also och datt de Grand-Duc Jean der Hochzäit net zougestëmmt huet. D'Hélène Vestur féiert dat op d'Ëmstänn vun hirer Léift zeréck. A well de Jean de Nassau, hiren Ex-Mann, sech fir si entscheet hätt, hätt hie sech fir eng "vie libre" decidéiert.

De Jean de Nassau hätt sech dunn och als fräi Geschäftsmann kënnen engagéieren a wann eppes do schif gaange wier, am Business, hätt dat keng Repercussiounen op d'groussherzoglech Famill gehat. Dat wier ee weidere Virdeel vum Verzicht gewiescht ...

An och wann de Grand-Duc dem Mariage net zougestëmmt hätt, esou wieren d'Relatioune mat der groussherzoglecher dono awer gutt an normal gewiescht.
15:35

Defense-Affekote gi sech net zefridden ...

Si weisen op zäitlech Zesummenhäng hin.

15:34

Hien huet verzicht, krut näischt ewech geholl

Zitat, op Franséisch: Il a renoncé, il n'a pas été destitué.

15:33

A-t-il renoncé ou a-t-il dû renoncer?

15:32

Ech verstinn nach ëmmer net ...

... firwat de Prënz Jean verzicht huet.

15:28

D'Sylvie Conter weist op d'Aussoe vum JCJ hin

Deen hat jo en Dënschdeg vun enger Entrevue geschwat an hat gesot, et sollt een iwwert de Verzicht mam Jacques Santer schwätzen ...

15:27

Presidentin Sylvie Conter freet no ...

... Defense-Affekote sinn opgestanen, fir Opmierksamkeet z'ënnersträichen.

15:25

"Il a renoncé librement"

Et wier, esou d'Zeien ("je crois"), eng fräi Decisioun vun hirem deemolege Mann gewiescht, fir op seng "Rechter" ze verzichten.

15:23

"Ech hunn erwaart an hie sot, da bestuede mir eis"

Esou d'Zeien, déi ënnerstrach huet, datt dat eng immens couragéiert Decisioun vum Prënz gewiescht wier.

15:22

Firwat huet Jean verzicht?

... am Joer 1986. 1987 hu sech d'Hélène Vestur an de Jean de Nassau bestuet.

15:19

Ex-Fra ka sech de Jean net als Bommeleeër virstellen

D'Zeien zeechent e positiivt Bild vum Jean de Nassau. Si wiere 17 Joer laang bestuet gewiescht ...

... a si kéint sech net virstellen, datt een esou eppes verstoppe kéint.
15:15

Et geet ëm e Bréif ...

Am Joer 2006 hat d'Hélène Vestur attestéiert, datt e Bréif, dee si dem Prënz Jean geschriwwen hat, vum 11. November 1985 ass.

Firwat?

Well si op der Sich war no Hiwäiser oder Beweiser, wat an der Zäit vum Attentat, ëm dat et geet, geschitt ass.

An do hätt si net vill Piècen, also keen Agenda, ma awer dee Bréif ... an aus deem geet ervir, datt de Prënz op der Juegd war mam Fils vum fréiere franséische President Giscard d'Estaing ... an net erëmkoum!
15:12

Et wier jo bal e Wonner, esou d'Zeien, ...

... wa ee sech no 20 Joer genee erënnere kéint, wat een op engem Dag gemaach hätt.

15:09

Direkt informéiert hätt hiren Ex-Mann si ...

Dat an der Hoffnung, datt si him hëllefe kéint, sech ze erënneren, wat hien op deem Dag vum Attentat gemaach hätt.

15:08

"Incrédibilité" a "Stupéfaction"

Esou hätt si reagéiert, wéi si héieren hätt, datt hiren Ex-Mann mat enger Bommenexplosioun a Verbindung bruecht géif ginn ...

15:06

Hélène Vestur, Ex-Fra vum Prënz Jean

D'Zeien schwätzt Franséisch.

15:05

D'Sëtzung ass op!

14:58

Prënze Jean a Guillaume ukomm!

14:55

Alles waart op d'Prënzen ...

14:46

2 Ugekloten an 2 Defense-Affekoten do!

14:45

Och Interesse aus dem Ausland ...

14:44

Och haut nees groussen Interessi vum Publikum

Éier d'Diere vum Geriicht um 14 Auer opgoungen, hat sech ewell eng laang Schlaang gebilt.



13:55

Kee Moment verpassen, mam Liveticker vun RTL.lu